Includes unlimited streaming via the free Bandcamp app, plus high-quality download in MP3, FLAC and more.
Purchasable with gift card
€1.29EUR or more
lyrics
1
De Feierwon deen ass bereet
E päift duerch d'Loft a fort e geet
Am Dauschen iwwert d'Strooss vun Eisen
A voll mat Leit déi se doheem ofweisen
An nach hu mir de Wee net fonnt
Zum éiweg grousse Vëlkerbond
A mir hu keng schwéier Laascht ze droen
Fir eise Staatswon dunn ze goen
Keng Steiere kommen eis erdrécken
Keen Zwang de fräie Geescht erstécken
Mir maache spuersam eise Stot
Kee Bierger a kee Bauer klot
Refrain
Musst Dir Iech heemlech iwwert d’Grenzen schleisen
Eist kléngt Land kann elo Gréisst beweisen
Well mir iech net ofweisen mee mir wëllen iech ons Heemecht weisen
2
Mir hale fest un eiser Scholl,
Vu Léift fir d'Land sinn d'Hierzer voll
A wa mir scho Milliounen zielen,
Déi d’Flucht aus hirem Land musse wielen
Dann hu mir nach de Wee net fonnt
Zum éiweg grousse Vëlkerbond
Rap
Frot dir no riets an no lénks an no alle Säiten hinn
Et ginn der ëmmer nach e puer déi sou onzefridde sinn
Si hunn Angscht em hir Kultur, déi misst elo villes opginn
Dass se souguer vu friemen Aflëss opgefriess kéint ginn
Ma vill Vertrauen an är Kultur beweist dat do jo awer net
Wann déi Kultur esou liicht wéi Salz am Waasser opgeléist gëtt
An déi Kultur kënnt der gär halen, sou eng wëlle mir hei net
Well dann hutt der keng Kultur, déi Kultur do gëtt et guer net
Et kann op der ganzer Welt just eng eenzeg Kultur dach ginn
Déi keen Ufank huet an déi och wäert fir ëmmer do sinn
Och wann et ëmmer nach Leit ginn déi dat leider net verstinn
Dass et ouni si eis alleguer mol guer net géif ginn
Si, déi d’Mënschheet iwwerhaapt eréischt méiglech mécht
Si, déi gëllt fir all Muslim, Atheist, Judd an och Krëscht
Si, ouni déi mer näischt wären wéi e Koup voll Mëscht
Si, no där all Mënsch deen dësen Numm verdéngt och glëscht
Si hëlleft gemälleg wéi Homeopathie
Si verbënnt eis mateneen wéi Telepathie
Si heescht Hëllefen, Matginn an och Empathie,
Deelen, Solidaritéit oder Sympathie
A wa mer déi Kultur opginn am Numm vun enger Natioun
Am Numm vun eisem Räichtum oder am Numm vun der Relioun
Da gi mer hannerzech, ‘ t ass fäerdeg mat der Evolutioun
Dann ënnerschreiwe mer d’Faillite vun eiser Zivilisatioun
Dofir, léif Muselfraen a Muselmänner
Léif Gesëschter aus alle Géigenden a Länner
Mam Méchel Lentz do loosst eis soen
Des nei Strophen vum Feierwon
3
Wann d'Vollek hei an an all Land
Huet géint all Mënsch d'Häerz op der Hand
Wann d’Fräiheet em deet d'Ae blénken
An d'Léift, déi deet seng Wierder klénken
Dann hu mir all de Wee och fonnt
Zum éiweg grousse Vëlkerbond
Another devastatingly beautiful batch of indie rock confessionals from Ontario singer, producer, and multi-instrumentalist Linnea Siggelkow. Bandcamp New & Notable Apr 28, 2024
The experimental rock band's new record is as melodic and inventive as ever, but now with an even more honed sense of play. Bandcamp New & Notable Apr 27, 2024
Ross J. Farrar of Ceremony creates dubby outside punk evoking the minimalism of Young Marble Giants on his second solo record. Bandcamp New & Notable Apr 27, 2024
Dreamy indie rock a la Duster/Sparklehorse with interesting with dynamic shifts and subtle hooks to keep things moving along. Bandcamp New & Notable Apr 23, 2024