1
Maach wéi d’Leit, da geet et der wéi de Leit
Sou sot mäi Papp an huet et um Stierwesbett bereit
E Liewe laang geschafft fir dass et eis
Sollt besser goen, dat war seng Art a Weis
Ma all säi Schweess a säin Asaz
Waren um Enn dach just fir d’Kaz
Vum Gléck krute mir just amplaz
An der grousser Maschinn seng Plaz
A sou geet dat an engem Stéck
Déi kleng Leit brieche sech de Réck
Firwat hu si net wéi déi Déck
Och schon elo Recht op hiert Gléck
Refrain
Ech loosse mer näischt méi soen
Näischt méi soen
Well ech woen
Opzestoen
De Bak opzedoen
Net just schaffe goen
Ze maache wat si soen
Wat si soen
2
Et léise sech d’Generatiounen of
A schaffe sech net erop, ma éischter erof
A schweessen zu Milliarden, t ass eng Schan
Fir ëmmer manner Leit ëmmer méi räich ze man
Anscheinend ass d’Kris an der Schold
De Patron seet, hudd nach Gedold
Ma kee kritt wat e kréihe wollt
Mol net dat wat e kréihe sollt
An d’Scholde briechen eis d’Genéck
Mir schaffe just nach fir déi Déck
Och vum Paschtouer sengem Gléck
Kréihe mer eréicht nom Doud e Stéck
credits
released May 14, 2016
Music & lyrics by Serge Tonnar
Musicians: Serge Tonnar, John Schlammes, Boris Dinev, Frin Wolter, Misch Feinen, Eric Falchero
Another devastatingly beautiful batch of indie rock confessionals from Ontario singer, producer, and multi-instrumentalist Linnea Siggelkow. Bandcamp New & Notable Apr 28, 2024
The experimental rock band's new record is as melodic and inventive as ever, but now with an even more honed sense of play. Bandcamp New & Notable Apr 27, 2024
Ross J. Farrar of Ceremony creates dubby outside punk evoking the minimalism of Young Marble Giants on his second solo record. Bandcamp New & Notable Apr 27, 2024
Dreamy indie rock a la Duster/Sparklehorse with interesting with dynamic shifts and subtle hooks to keep things moving along. Bandcamp New & Notable Apr 23, 2024